the next big thing
Monday, January 8th, 2007Nodeems ech ën hallewt Joër nemmi dra war, wor ech iwwert d’Feierdeeg mol rem an Second Life kucken. A läschter Zäit wor des 3D-Welt jo zimlech vill an de Medien present; grouss Firmen wi IBM oder Organisatiounen wi di zwou grouss US-amerikanesch Parteien hun do sougenannt “Events” ofgehaal. Dunn gouf de Server mat den Passwiërder gehacked (ech hu mäint och misste wiësselen). U sëch hat sëch nach net vill verännert. Beim Client sin ë puer Optiounen dobäi komm, d’Welt sélwer (de “Grid”) ass mi grouss gin a mëttlerweil sin duërchschnëttlech baal 20.000 Leit gläichzäiteg online, wat de Lag ë bessen ongemiddlech mëcht. Wi ech mech ageschriwwen haat (Juni 2006) wor ech nach ënnert den 300.000 éischten, mëttlerweil sin der, Moment…, 2.380.140 registréiert.
LindenLabs (déi dat Ganzt entwéckelt hun) hun lo ë weidere Coup gemaat: së hun de Source Code vum Second Life Client ënnert d’GPL 2 gestallt, dat heescht als Open Source eraus gin. Theoretesch kann lo jhiddereen säin eegenen Client schreiwen (d’Serveren haalen së awer nach sélwer). Di nächst Zäit wärt natirlech haart fir d’Residenten gin, wann allméiglech Lücken ausgenotzt gin, mee ech ging soën, datt spéitstens an engem Joër do eppes eraus kënnt, wat Mozilla fir d’Browserwelt war.
Ech wetten, datt spéitstens a 5 Joër eng 3D-Welt um Internet existéiert, wi së zanter den 80′er Joren an der Science Fiction (speziell Cyberpunk) eis schon virgegaukelt gouf. Wat “Neuromancer” an “Snow Crash” als Zoukonftsvisioun gewisen hun, wärt lo endlech Realitéit gin. Och wann ech mech sélwer nach net richteg duerfir kann (enthousiastesch) duerfir begeeschteren, bleiwen ech do um Ball, wéll d’Chance bei eppes ganz Neiem vun baal Ufank un dobäi ze sin, kritt een net sou oft. Vläit gëtt dat zu engem weideren Meilesteen an der Entwécklung vum Internet (70′er Joren -> Email, 80′er Joren -> Usenet, 90′er Joren -> WWW, nullecher Joren -> Filesharing, d’Zéngtecher (mer sin jo schon 2007!) -> 3D-Welt). Egal wéi wärt ech alt härno opmannst gesin, ob ech als Visionär eppes daagen oder net ;)
