2007

Et reent an et ass kaal. Nach iwwert dem Gefréierpunkt, mee ë puer Grad méi wiren méi angenehm. Ech decidéiren an der Mëttesstonn Sushi iessen ze goën. Kuerz no 12 Auer sin nach net vill Leit do, wi ech an dee kléngen Imbiss mat den grénge Wänn era ginn. D’Dier steet op, obschons et zitt. Së klemmt ë bessen, mee ech kréien se awer zougezunn. De Kach hannert der Théik erkennt mech net, wéll soss séng Fra ëmmer zervéiert. De Räis ass genausou paapeg wi ëmmer, schmaacht awer gudd. De réien Thon geet, de Saumon Fumé ass liicht duerch zunn. Ech loossen di hëlzen Stäbecher uneneen a benotzen së wi eng Zaang. Dat ass di falsch Art a Weis fir z’iessen, mee ech fannen et mi einfach. Ech sin fir villes op, me ë Véirelsjorhonnert Gebrauch vun Messer a Forchette hu séng Spuëren u mer hannerlooss. Um halwer eng kommen eng ganz Reih vun Leit aus de Büroën ronderem eran. Et sin och ë puer Stammclienten dorënner. Ech lauschteren dem verstopptenen Hautparleur no, aus deem Pianosarrangementer vun kitschegen Filmmelodien kléngen. Duerchaus angenehm. Op enger vun de grénge Wänn kucke mech zwou Hello Kitty-Figuren mat winzegen, ausdrockseidelen Aan un. Si stinn op enger gliësener Plaque, déi vun engem groën, un der Mauer befästegten Delphin gehaale gett. Surrealistesch stëcht des Konstruktioun erfir, wi ë Schräin un de Gott vum kaale Fësch. Ech hun ëm mat méngem Iessen schon ën Affer erbruëcht, denken ech. D’Koppel, där den Imbiss gehéiert, ënnerbrëcht kuërz hir Diskussioun an enger asiatescher Sprooch, fir mer Eddi ze soën. Wi ech eraus gin, kënnt mer eng Koppel entgéint, di gläichzäiteg portugisesch a franséisch schwätzt. Zwou Persounen warden um Busarret an diskutéiren op lëtzebuergesch, ën däitschen an ë belschen Auto halen falsch um Trottoir. Ech kucken an den groën Himmel a gesin ganz uëwen op engem Appartementsbalcon ë wëllt Gewujhels aus Planzen wuëssen. De Numm Babylon kënnt mer an de Kapp. Ech gi weider an trëppelen op eng labber Trottoirsplaque. Waasser sprëtzt ënnert dem kaale Steen erfir, op den aanere Schong. D’Strëmp bleiwt drëchen, mee ee Moment zweifelen ech drun, ob d’Affer fir de Sushi-Gott net duer goung.

U sëch ass nach kee groussen Ënnerscheed tëschent 2006 an 2007 ze gesin. Mee d’Joër ass jo nach jonk. Et huët éischt véier Deeg. Vill Gléck 2007! Du wärs et kënnen gebrauchen, sou wi all di Joren firdrun och.

One Response to “2007”

  1. Thierry Says:

    Zumindest hues de dee genialsten Text geschriwwen, deen ech bis elo 2007 an iergendengem Blog gelies hun. ;) Vill Gléck am neie Joër, a net de Courage verléiren. :)

Leave a Reply