the next big thing
Nodeems ech ën hallewt Joër nemmi dra war, wor ech iwwert d’Feierdeeg mol rem an Second Life kucken. A läschter Zäit wor des 3D-Welt jo zimlech vill an de Medien present; grouss Firmen wi IBM oder Organisatiounen wi di zwou grouss US-amerikanesch Parteien hun do sougenannt “Events” ofgehaal. Dunn gouf de Server mat den Passwiërder gehacked (ech hu mäint och misste wiësselen). U sëch hat sëch nach net vill verännert. Beim Client sin ë puer Optiounen dobäi komm, d’Welt sélwer (de “Grid”) ass mi grouss gin a mëttlerweil sin duërchschnëttlech baal 20.000 Leit gläichzäiteg online, wat de Lag ë bessen ongemiddlech mëcht. Wi ech mech ageschriwwen haat (Juni 2006) wor ech nach ënnert den 300.000 éischten, mëttlerweil sin der, Moment…, 2.380.140 registréiert.
LindenLabs (déi dat Ganzt entwéckelt hun) hun lo ë weidere Coup gemaat: së hun de Source Code vum Second Life Client ënnert d’GPL 2 gestallt, dat heescht als Open Source eraus gin. Theoretesch kann lo jhiddereen säin eegenen Client schreiwen (d’Serveren haalen së awer nach sélwer). Di nächst Zäit wärt natirlech haart fir d’Residenten gin, wann allméiglech Lücken ausgenotzt gin, mee ech ging soën, datt spéitstens an engem Joër do eppes eraus kënnt, wat Mozilla fir d’Browserwelt war.
Ech wetten, datt spéitstens a 5 Joër eng 3D-Welt um Internet existéiert, wi së zanter den 80′er Joren an der Science Fiction (speziell Cyberpunk) eis schon virgegaukelt gouf. Wat “Neuromancer” an “Snow Crash” als Zoukonftsvisioun gewisen hun, wärt lo endlech Realitéit gin. Och wann ech mech sélwer nach net richteg duerfir kann (enthousiastesch) duerfir begeeschteren, bleiwen ech do um Ball, wéll d’Chance bei eppes ganz Neiem vun baal Ufank un dobäi ze sin, kritt een net sou oft. Vläit gëtt dat zu engem weideren Meilesteen an der Entwécklung vum Internet (70′er Joren -> Email, 80′er Joren -> Usenet, 90′er Joren -> WWW, nullecher Joren -> Filesharing, d’Zéngtecher (mer sin jo schon 2007!) -> 3D-Welt). Egal wéi wärt ech alt härno opmannst gesin, ob ech als Visionär eppes daagen oder net ;)
January 8th, 2007 at 19:14
Ech verstin et einfach net. Ech probéien wierklech dohannert ze kommen, wat un enger “richteger” virtueller Welt esou flott soll sin, an als een deen Dag an Nuecht online ass hun ech bestemmt vill fir Internet a Computeren iwwreg. Mee ech kréien net a mäi Kapp eran, wisou een soll online “liewen”. Wann ech well Leit gesin, gin ech frun d’Dier, wann ech well mat Kolleegen schwätzen, déi bessen méi wäit wech setzen, gin ech an een IM. Mee firwat soll ech mer een Alias zouleen an iergendwou an engem Grid rondremlaafen a mer do virtuell Frenn sichen, déi vläit a Wierklechkeet déi gréissten A***lächer sin? Just fir virtuell Geld ze maachen, dat ech dann kann a realt Geld emwiesslen? Déi Energie kann ech och notzen fir am reale Liewe Geld ze maachen. Wann et eppes gett, dat ech haassen, ass et mat engem ze schwätzen, deen ech net gesin, oder mer zumindest sou gudd kennen, dass ech mer säi Gesicht kann firstellen während engem Gespréich. 90% vun engem Gespréich si net d’Wieder déi et ausmaachen, mee Kierpersprooch a Betounung. 10% fannen ech relativ wéineg fir een richteg kennenzeléiren. Oder ass et nemmen ee Spill? Dofir schéngt et mer gett et längst vill ze serieux geholl, wann souguer Demokraten an Republikaner och virtuell existéiren.
“2.38.140″
Wat sollt dat ursprünglech fir eng Zuel gin?
January 8th, 2007 at 21:50
Ah, den Neuromancer! Eent vun mengen Lieblingsbicher deemols :)
Par conter gesinn ech och net waat deen Second Life Hype soll. Daat ass dach fir Läit déi keen richtegt Liewen hunn! Ween huet dann soss Zäit fir sou e Kaabes?
February 23rd, 2007 at 11:38
Ah, herrlech! Den Neuromancer! Ech hat meng Ofschlossaarbecht am Secondaire iwwert dem Gibson seng Welt gemeet. Duerfir hat ech de Neuromancer op Däitsch, Franséisch an Englesch gelies, an dee ganze Rescht (Mona Lisa Overdrive etc. ) natiirlech och! ‘t wor schons eng fäi Saach deemols…Bis Matrix alles geklaut huet… :kappresel: