shaken, not stirred
Een vun den éischten Higlights an desem Kulturjoër ass dem Martin Parr séng Ausstellung “Assorted Cocktail” an der Rotonde 1 zu Bouneweg (den éischte Sonndeg am Mount ass së iwwregens gratis). Zéng Photosreihen weisen dem Besicher d’Welt an d’Liëwensgefill vun verschiddenen Plaazen an den 80′er, 90′er an 00′er Joren. Dat geet vun engleschen Familjen mat 5 Kanner um Strand vun New Brighton iwwert eng kléng Bom, di an engem däitschen McDonalds sëtzt bis zu Amiperasmemberen, di am Hôtel Cravat hire Rivaner drénken. Gnadelos féiert de Martin Parr eis Welt fir, an zwar sou si së ass a net wi mir méngen, datt së wir. Entlarvt gett d’Banalitéit vum mënschlechen Alldag, de Besicher fillt sëch scho bal als Deel vun der Ausstellung, wann hien drun dénkt, wéi ën einfach firun deene Biller steet a kuckt. Ménger Meenung no, ë grousse Bäitrag zur Dokumentatioun vun enger ganzer Epoche.