Giraffen-TV
Wednesday, March 28th, 2007An der Mëttesstonn ass an der Paschtoueschgaass e “Micky-Maus-Telé”-Geschäft opgaangen. Haut muss jo all Eröffnung mat groussem Trara gefeiert gin. Wéi laang déi wuel do wärte bleiwen? Ech kann do keng richteg Zielgrupp fir Teléen an Déireform erkennen. 3-jähregen Kanner, deenen dat kinnt gefaalen, ging ech keng Telé an d’Kummer stellen a wann se grouss genuch sin, wëllen se vermutlech keng sou eng.

Di kommen anscheinend aus den USA an dat heitent ass hirt éischt Geschäft an Europa. An dann och nach am konservativem Lëtzebuerg. Aanerersäits gëtt et hei och eng grouss “Mir-sin-jo-sou-hyp-a-modern-
