wordpress 2.1.2

Nodeems ech lo eng länger Zäitchen nach um WordPress 1.5.2 gefuër sin, duëcht ech mer, et wir mol Zäit fir en Upgrade op di aktuell Versioun 2.1.2. Dat huet och alles wonnerbar geklappt, mee leider gesin ech, datt d’Kommentarfonktioun bei den existéirenden Artikelen par défaut ausgeschalt ass. Ech kinnt lo natirlech dohi goën a bei all 178 Artikelen dat per Hand umaachen, mee hun awer keng Loscht. Weess do een, wou run dat kinnt leien? Bei deem, deen ech lo grad schreiwen sin d’Kommentarer erlabt gewiërscht, ouni, datt ech eppes geännert hätt. Nujo, mol kucken…

[Edit:] Anscheinend woren ët just di 5 läscht Artikelen, di gespaart woren. Keng Ahnung, firwat. Soss sin ech awer ganz zefridden mat der neier Versioun a kann së och just jhidderengem rekommandéiren.

Leave a Reply