Giraffen-TV

An der Mëttesstonn ass an der Paschtoueschgaass e “Micky-Maus-Telé”-Geschäft opgaangen. Haut muss jo all Eröffnung mat groussem Trara gefeiert gin. Wéi laang déi wuel do wärte bleiwen? Ech kann do keng richteg Zielgrupp fir Teléen an Déireform erkennen. 3-jähregen Kanner, deenen dat kinnt gefaalen, ging ech keng Telé an d’Kummer stellen a wann se grouss genuch sin, wëllen se vermutlech keng sou eng.

Hannspree

Di kommen anscheinend aus den USA an dat heitent ass hirt éischt Geschäft an Europa. An dann och nach am konservativem Lëtzebuerg. Aanerersäits gëtt et hei och eng grouss “Mir-sin-jo-sou-hyp-a-modern-Schicki-Micki-a-laafen-all-Trend-no”-Gesellschaft, datt dat eventuell kinnt zéien.

4 Responses to “Giraffen-TV”

  1. Grommel Says:

    Sachen, die die Welt nicht braucht …

    Wat e Brach! An kaaft de Kanner mol e Buch amplaz direkt eng Tele.

  2. Thierry Says:

    Do ass ee mol fir dräi Méint net am Land an dann direkt sou eppes. Lëtzebuerg quo vadis? :D

  3. phonebitch Says:

    An, kén eng Telé gewonn?

  4. faraerri Says:

    Wat hudd der dann all dogeint wann dei anner Léit hier Kanner total verblöden? Sou laang et net dei eegen sinn, ass et dach zimlech wurscht.
    @chris, wann schon eppes fir ze liessen, dann weinstens en Ebook am PDF Format.

Leave a Reply