linux 2
Monday, May 28th, 2007No méngem Erliëwness vu gëscht, stoung dunn haut di zweet Aventure um Plang: den ADSL-Modem ënnert Ubuntu z’installéiren. De Linux leeft lo perfekt an souguer den GRUB Boot Loader kruut ech mat sudo an der Online-hëllef richteg agestallt.
Beim DSL deet sëch awer näischt; ech hun leider och mi e spezielle Fall. VO, mäi Provider, hat mer 2004 beim DSL-Abonnement e Modem gratis dobäi gin. Wat domols flott war, bereien ech lo a läschter Zäit ëmmer méi. Et ass nämlech en USB-Modem Modell Zyxel Prestige 630-11. Eng Konnektioun iwwert Ethernet (PPPoE) ging ouni Problemer goën, mee fir méng PPPoA(ATM)-Konnektioun ass et liicht mi kniwweleg en Driver ze fannen. Ausser engem Debian-Package (deen sëch awer net installéiren léisst) an enger Datei op Sourceforge (wou de make mat Fehlermeldungen ofbrëcht (fënnt iergendwelch C-Headerdateien net?)), hun ech näischt fonnt. ‘t nervt natirlech schon, wann ee keen Internetuschloss huet, mee trotzdem sin ech frou, datt net alles op den éischten Abléck fonktionéiert, wéll sou muss een sëch mol gezwongenermoossen domat auserneen setzen an et léiert ee méi iwwert de System. Mee ë kléngt Erfollegserliëwness wir trotzdem net schlecht.
