linux 1
Ech schreiwen hei alt mol e bessen iwwert meng aktuell Erliëwnesser als Linux-”Freshman”.
Zënter längerem hun ech scho fir, vun Windows op Linux emzeklammen, kruut mer awer ni genuch Loscht zesumme gerafft. Gëschter hun ech et dunn endlech probéiert. Vun ubuntu.com hun ech mer dee neisten Image gesuckelt, deen op eng DVD-RW gebrannt (di Dénger sin jo sou séier out-of-date, datt ech mer keng DVD-R wollt leeschten) a probéiert z’installéiren. D’Plaaz, di ech mer op méngen Harddisken reservéiert hat, gouf also no Méint eidlem Erem-leien endlech benotzt. Duëcht ech opmannst.
Ech hat villes geliës an héiren. Ubuntu wir wirklech einfach z’installéiren, bal wi Windows. Verstitt mech net falsch, ech si lo net grad en Newbie, wat Betriibssystemer ugeet (hat bis elo mat DOS, Windows, Linux, MacOS a Solaris ze din), mee hun lo net di gréissten Linuxerfahrungen gemaat. An duerfir wollt ech dat Ganzt mat sou mann wi méiglechen Virbelaaschtungen ufänken. Quasi rem ganz vu fir.
Meng éischt Erfahrung mat Linux hat ech 1997 gemaat. Ech hat mäin éischte Computer éischt en halleft Joer (1 Mount laang just DOS, dunn Windows 95), wor also wirklech dat, wat een am Allgeméngen e “no0b” nennt an hun an enger PC-Zäitschrëft en RedHat Linux 4.2 fonnt. Di Installatiounen vun domols woren nach richteg Installatiounen (genau wi domols Männer nach Männer, Fraen nach Fraen a kléng pelzech Wiesen vun Alpha Centauri nach kléng pelzech Wiesen vun Alpha Centauri waren (dat Läscht war lo Copy&Paste)). Nix graphesch Benotzeruëwerfläsch, nix mat Live-system vun CD booten, nix automateschen Partitiounsmanager oder sou. Dat gouf alles vun Hand gemaat an ech hat baal eng Woch gebraucht, bis de System installéiert wor. Mee an där Woch hun ech ower och extrem vill driwwer geléiert, wat Partitiounen iwwerhaapt sin a sou. Sou Erfahrungen kann ech zur Weiderbildung nëmmen rekommandéiren.
Dat ass haut jo ganz anescht; CD eran, PC frësch booten a no 3 Minutten leeft e färdegen Linux vun der CD, a méngem Fall Ubuntu 7.04 mam Numm Feisty Fawn. Flott, duëcht ech mer, de Bambi leeft jo tatsächlech. Bei der Installatioun koumen dun awer di éischt Problemer. Als éischt erkennt de Partitiounsmanager meng 2 HDDen als SCSI-Laafwierker obschonns se IDE sin. Soss erkennt en alles korrekt, och di 3 Partitiounen (swap + root an home (oder wi dat lo och ëmmer heescht)). D’Swap-Partitioun hun ech fir um éischten HDD tëschent 2 existéirenden Windowspartitiounen z’installéiren. Di aaner zwou kommen dann un den Ufank vum zweeten HDD. Als nächst kann ech den Filesystem auswiëlen, ech wees awer lo net op ext2 oder ext3 besser ass. Ech hun alt einfach mol ext2 ausgewiëlt, wéll dee ménges Wëssens no scho mi aal ass (vläit och méi erprouwt?).
An dann installéiert en och schéin. Bis zum Schluss; do brëcht en mat enger Fehlermeldung of, datt en den Bootloader net op den hd0 konnt installéiren. Ah tjein, lo erkennt en den hd0, firdrun duëcht en jo et wir sda1 (wéngst dem net-existenten SCSI). Wat genau wëll en da lo?
Nom 3. Installatiounversuch ass et dunn awer gaangen an ech kruut en geboot. Ech hu mech agelogged an dunn… eng laang Zäit näischt. An dunn koum d’Fehlermeldung, ë kéint den GNOME Settings Daemon net initialiséiren a bei där Meldung hänkt en. Gudd, datt ech nach aus der aaler Zäit wosst, datt ee mat CTRL+Backspace den Window Manager ofbriechen/ofschéissen/wat och ëmmer kann a kruut dorops hin de Command Prompt ugebueden, wou ë mer soot, datt ë ging beim Luëden vum Printerdriver cupsd (ech hat nach kee Printer ugeschloss) hänken. Weider kommen ech bis elo net, hun och näischt um Internet zu deem Fehler fonnt. Dun hun ech d’Recovery-Versioun beim Booten ausgewiëlt, mee di hänkt nach méi. Permanent seet ë mer, ë kinnt eppes net luëden a ging et a 5 Sekonnen nach eng Kéier probéiren. Jo, firwat soll et dann eng zweete Kéier klappen, wann et schon di éischt net goung? Liicht frustéiert sin ech schon, mee ech wärt et alt weider probéiren.
May 28th, 2007 at 2:28
Leider kann ech der bei deem konkrete Problem wuel net hëllefen, mee hei sinn trotzdem e pur Commentairen:
1. sd* bedeit net méi onbedingt dass et en SCSI-Lafwierk ass. Vill méi wahrscheinlech ass et en SATA-Disk. An déi ginn nämlech och sd* genannt. (Iwwerhaapt alles wat per libata ugeschwat gëtt, a souwäit ech weess falen do säit neistem oder demnächst klassesch PATA-Disks. Dann ass alles sd* an net méi hd*)
2. Zéck net ext3 ze huelen. Als Alternativ kéim nach éischter Reiser3 a Fro wéi ext2 (dee keen Journaling huet).
3. De Bootmanager installéiren ass oft eng kriddlech Operatioun. Iwwert Joren hunn ech och mol déi eng oder aner schlecht Erfahrung gemaach. Wat ech deemols mol mat Erfolleg ugewandt hunn ass am Installer unzeginn dass en de Boot Record op eng Floppy schreiwe soll a gur net réischt un de Master Boot Record fréckle goe soll. Wann dat da klappt kann een nach ëmmer kucken de Bootmanager an den MBR ze installéiren. (Dat setz allerdings viraus dass een iwwerhaapt nach en Diskettelafwierk huet.)
Courage, wann et bis klappt gëtt et gär genuch onverzichtbar. Säit ech mäi Thinkpad hunn, hunn ech fir d’éischt säit Joren rem Kontakt mat Windows. Witzegerweis leeft Kubuntu vill méi séier an zouverlässeg. An all Kéiers wann ech de Windows boote lued en onmoosseg Updates erof a wëll rebooten an et brauch een éiweg bis een iwwerhaapt ufänke kann mat schaffen.
May 28th, 2007 at 9:21
Merci fir de Kommentar.
1. Meng per IDE ugeschlossen Disken sin zwar SATA, mee hien schreiwt ausdrécklech SCSI dohin (net nëmmen sd*). Mee dat schéngt dann jo egal ze sin.
2. Ech wärt dann mol den ext3 probéiren.
3. Dat mam Bootmanager huet scho geklappt, wann de Linux lo ging ordentlech starten, wir ech happy. Ech probéiren alt einfach rem eng nei Installatioun (ass jo bal wi bei Windows ;) ).