de grousse flamewar vun 2007
Monday, June 25th, 2007D’Veteranen wärten härno wuel soen, datt en eigentlech guer net sou grouss wor. Vill waarmen Damp awer soss näischt dohannert. Mee se hun all gär mat gemaat, endlech war mol eppes lass an der lëtzebuergescher Blogosphere (”Blogklumpen” kléngt wi eppes vun der Toilett, mee dat passt jo dann vläit awer rem). Op der enger Säit stoungen, déi, di an hirem Blog ouni Zesummenhang allméiglechen Nonsens, op niveauvoll oder net, gepost hun an op der aanerer d’Metzlerkanner, di duechten, datt iergendwélch pseudo-emotional Texter iwwert méi oder manner erfonnten Ereignisser d’Leit gingen interesséiren. Mee u sëch ass et en Non-Ereignis, näischt wor eigentlech geschidd, et goufen just e puer Wiërder ausgetosch. Digital représentéiert mat Nullen an Eenten, wahrscheinlech méi Nullen wi Eenten. Soss näischt. Gidd also weider, hei gëtt et näischt ze gesin, hei kënnt der net stoë bleiwen: “This is bat country.”
