de grousse flamewar vun 2007

D’Veteranen wärten härno wuel soen, datt en eigentlech guer net sou grouss wor. Vill waarmen Damp awer soss näischt dohannert. Mee se hun all gär mat gemaat, endlech war mol eppes lass an der lëtzebuergescher Blogosphere (”Blogklumpen” kléngt wi eppes vun der Toilett, mee dat passt jo dann vläit awer rem). Op der enger Säit stoungen, déi, di an hirem Blog ouni Zesummenhang allméiglechen Nonsens, op niveauvoll oder net, gepost hun an op der aanerer d’Metzlerkanner, di duechten, datt iergendwélch pseudo-emotional Texter iwwert méi oder manner erfonnten Ereignisser d’Leit gingen interesséiren. Mee u sëch ass et en Non-Ereignis, näischt wor eigentlech geschidd, et goufen just e puer Wiërder ausgetosch. Digital représentéiert mat Nullen an Eenten, wahrscheinlech méi Nullen wi Eenten. Soss näischt. Gidd also weider, hei gëtt et näischt ze gesin, hei kënnt der net stoë bleiwen: “This is bat country.”

14 Responses to “de grousse flamewar vun 2007”

  1. claud^e Says:

    Wei all letzeboieschen Blog dovunner schwaetzt, obwuel et nemmen remgepiddels ass, an guer net interessant ze liesen ass. Schued.
    Mee scheinen Text :-)

  2. DamnedFreak Says:

    Wei awer och jiddfereen sain Pefferkaer dozou beidroen muss :)
    War dain Post gewollt um 13:37 published gin? Hueste daat och gemeet, weiste grad 250 um Tacho haas?

  3. claud^e Says:

    Deng Ironie ass heiansdo beaengstegend, Steve.

  4. pa Says:

    13:37 war onbewosst. Hätt ech do drun geduecht, hätt ech et awer express gemaat. Souvill Sarkasmus muss sin (dat wir keng Ironie!). An ech léée gär mäi Pefferkär dozou bär, dann hun ech alt endlech rem eppes ze schreiwen.

  5. Thierry Says:

    emo.lu, nee wéi gäil :D

  6. DamnedFreak Says:

    Wollt mer dei kaafen.. =\ dommen Metzler do..

  7. Thierry Says:

    Klau em se ;)

  8. DamnedFreak Says:

    Thierry bass du geint halwer 6 den Owend zu Lenster an der Laangwiss laanscht d’Tankstell gelaaf? ^^

  9. salle d'attente at blo:Geescht Says:

    […] s’exprimer. D’où le côté «poubelle» de la blogosphère, hébergement idéal des extrêmes de toutes espèces. Ici, on aime les marges et les «maudits», les recalés de la vie sociale. Les […]

  10. Thierry Says:

    Dat ass ganz gudd méiglech, dass ech dat war, dunn hat ech nämlech Feierowend beim RCM a sin heemgaangen. :)

  11. DamnedFreak Says:

    Da sin ech laanscht dech gefuer, fir tanken ze goen :)

  12. DamnedFreak Says:

    Vlait matt 250? ;)

  13. Thierry Says:

    Hehe. Ech mengen mat 250 wiers de mer awer garantéiert opgefall. :)

  14. thorben Says:

    ee gleck wor ech zu lloret. sin dei dann scheisse an der bier?

Leave a Reply