lolxembourg

Am Januar wor ech op eng Säit gestous, di éischt 2-3 Deeg online wor, mee schon eng hellewull Inhalt hat, nämlech Photoen vun Kaatzen mat "witzegen" Beschreiwungen, di vun relativ grujhelegen Schreiwfehleren nemmen sou gestrotzt hun. Dee Site (I Can Has Cheezburger) ass zënter hir ëmmer mi berühmt gin an huet den Internet-Mem vum Joer 2007 erfonnt: LOLcats. Mëttlerweill gin et eng Reih weider Säiten, di dat imitéiert an eegen Versiounen krééiert hun: lolbots.com, lolpresident.com, lolninja.com, lolpirates.com, lolgeeks.com, lolthenews.com a sou guer eng ganz Episode vun Star Trek an enger LOL-Versioun. Wien méi driwwer wësse wëll, kann desen Artikel noliesen, wou nach weider Versiounen opgelëscht sin.

2 Responses to “lolxembourg”

  1. Thierry Says:

    Häääääääh?! Ech hun offensichtlech keen Humor. :D

    Si sichen deelweis wierklech dat Langweilegst eraus, de Kevin Rose huet scho vill wäitaus besser Gesichtsausdréck hikritt. :)

  2. pa Says:

    Et geet jo och net em den Gesiichtsausdrock, mee d’Gesamtsituatioun zesummen mat der Iwwerschrëft. Mee ech fannen, datt eigentlech just den Original (Cheezburger) di gudd Photoen huet.

Leave a Reply