Ausgebrannt

No laanger Zäit gëtt d’Kritikenkategorie lo mol rem e bëssen gefëllt.

Originalnumm: Ausgebrannt
Auteur: Andreas Eschbach
Joër vun der Publikatioun: 2007

D’Enn vum Uelegzäitalter wärt net kommen, wann keen Ueleg mi do ass. Nee, dat wärt geschéien, wann kee bëllegen Ueleg mi do ass!

Dat ass de Grondprinzip vun der duerchaus logescher a novollzéihbarer Theorie vun engem vu méngen däitschen Lieblingautoren, dem Andreas Eschbach. Den Haaptprotagonist an desem Wirtschaftsthriller mam Numm “Ausgebrannt” wëll säi Gléck an den USA probéiren. Mat enger neier Methode fir Petrol ze fannen, soll d’Weltwirtschaft opgemëscht gin an all Energieproblemer geléist gin. Mee eng geologesch Katastroph an engem vun de gréissten saudi-arabeschen Uelegfelder an eng Explosioun an engem Hafen um Persesche Golf hannerloossen hir Spueren iwwerall an der Welt. Dat schwaarzt Gold gëtt knapp, di amerikanesch Arméi trëtt op de Plang, d’Chinesen sin och net oninteresséiert un der ganzer Affär an iwwerhaapt gëtt et keng eenzeg Persoun op der Welt méi, di net betraff ass. Wärt et dem Held geléngen, séng Method nach kënnen an ze setzen? A fonktionéiert se iwwerhaapt?

D’Buch ass ënnerdeelt a verschidden Zäitniveauen, tëschent deenen den Auteur ëmmer rem hin an hier wiësselt. Wat engem am Ufank wéi onnéidegen Zäitverdreiw fir kënnt, weist no enger gewësser Zäit säi Virdeel, fir kënnen nei Entwécklungen als éischt ausfierlech z’erklären. Wann et nämlech eppes ass, wat den Eschbach kann, dann ass et erklären. Bis an de kléngsten Detail nogeforscht, sin séng Beispiller, wéi d’Realitéit fonktionéiert, scho bal gudd fir an der Schoul um Léierplang ze stoen. Wann en eis a séngem Buch “Eine Billion Dollar” an d’Geheimnisser vun der Weltwirtschaft an d’Bankewiesen ageweit huet, kréie mer lo d’Ueleg- an Energie-politik ausféierlech erklärt. Erschreckend Fakten gëtt ee gewuer an lues gëtt engem kloer, wéi eng entscheedend Roll de Petrol an der Geschicht vum 20. Jorhonnert gespillt huet. No a no weist den Eschbach engem, wéi et iwwerhaapt zu der momentaner Situatioun konnt kommen a wou genau d’Problemer leien. Dobäi beschreiwt d’Buch net nëmmen di grouss global Situatioun, mee weist unhand vu ganz konkreten Beispiller, wéi och mir Eenzelner am Fall vun enger richteger Uelegkriis betraff wiren.

Natirlech léist d’Buch kee vun de gréisste Problemer vun eiser Zäit, och wann deen een oder aaneren kléngen Deus Ex Machina dra fir kënnt. Ech kann d’Buch awer trotzdem wärmstens empfehlen, wéll et ass komplex opgebaut an dach kloer strukturéiert an natirlech rem exzellent recherchéiert. Eng Recommandatioun u jhiddereen, deen e bessen un den Événementer am Nohen Osten an der Uelegpolitik a wéi et dozou koum, interesséiert ass.

2 Responses to “Ausgebrannt”

  1. Grommel Says:

    Billiob Dollar hat mer nawell gudd gefall, opmanst zum gréissten Deel. Dann kéint ech deem hei och eng Chance ginn. Perfekt fir eng länger Fahrt mat der Bunn, déi demnächst usteht.

  2. Charles Betz Says:

    Klengt nawell intressant! Wann ech mäi läschten Murakami duerchhun iwerleen ech mer déi Sach do emol, thematesch ganz intressant!

Leave a Reply