sunset cinema

Zënter gëscht an nach bis den 1. Dezember hun ech lo wéll e Kino (den Sunset Cinema) quasi firun der Hausdiir. Eng hëlze Këscht gouf do an deene läschte Wochen opgebaut an all Donneschden, Freiden a Samschend Owend gin do Filmer gewisen. Gëschter wor en Open Screen, op deen ech leider net konnt goen, mee duerfir hun ech et haut mol gewot a mer en “Iwweraschungs-Owend” ugedin. Dat ganzt ass e besse rustikal gehal; et sëtzt een op hëlzenen Traapen, mee duerfir gin et awer Këssen an Décken an un de Wänn hänken Heizstrahler, vun deenen een awer net allzevill mat kritt. En “indian summer” mat e besse mi waarmen Temperaturen ging och besser zum Numm vum Kino passen, mee nujo. Hei ass eng kléng Photo vun der Box, kuerz éier et lass goung. D’nächste Kéier kënnt eng mat Leit drop.

Sunset Cinema

Gewise goufen 4 Filmer: eng Italienerin vun New York, di während 8 Minutten en “Wat wëlls de? Schwätz du mat mir?”-Dialog mat gezunnener Pistoul prouwt. En Documentaire vun enger Visit 2005 um Originalsite vun der éischter Atombommenexplosioun am New Mexico mat engem interessanten Choix vu Musek. Dunn koum e Stommfilm iwwert eng solidaresch Protestaktioun vun chineseschen Hafenarbechter an der “Neptun Jade”-Affäre. Ofgeschloss gouf et mat der Rees vum Michael Blum an Indonesien, dee wollt eraus fannen, wou séng roud Turnschoung hirgestallt goufen. Nike wollt en ower net a séng Sweatshop-Fabriken era loossen.

Leave a Reply