gummi luxemburgicum
Wednesday, October 17th, 2007Éischter duerch Zoufall sin ech haut op d’Bärenland an der Staater Groussgaass getraff. Eng däitsch Ketten, di allméiglech Gummibärecher an Däitschland, Éisterräich, Schwäiz a Finnland verkeeft. Zënter engem Mount sin se lo och zu Lëtzebuerg. Et gin nawell e puer interessant Zorten do; ech hu mer mol e Paak “Saure Johannisbeeren” genehmegt. Déi ass nawell zolidd gefëllt, di Tuut! A schmaachen din se och. (Disclaimer: ech kruut kee Geld fir desen Artikel)
