sunset cinema: the return

Haut wor ech dunn fir di 2. Kéier an de Sunset Cinema. No engem sonnegen Dag, wor et dunn och net grad sou frësch, wi läschte Samschden. Gewise gouf den “Who’s Quentin” vun Feierblumm. Dest tarantinoeskt Wierk huet mer nawell net sou schlecht gefall a gewisen, datt duerchaus e gewësst Talent ënnert den lëtzebuerger Amateurfilmer existéiert. Mat gewëssen Länkten huet de Film trotzdem ënnerhaalen a mat Hommagen un dem Quentin Tarantino säin Hausgenre vun der styliséiert, kompromëssloser Gewalt gestrotzt. Dat ass dann och meng eenzeg Kritik; datt een nämlech net immens gudd kann e ganze Film just mat souën Referenzen opbauen an dann och nach op Lëtzebuerg iwwerdroen. De Personnage vum Knaschti hat sëch zwar gréisstendeels zréck gehaalen, mee wann en während e puer Sätz eng dozenmol “Fuck” seet, léisst mech dat un der Noutwendegkeet vum Fluchen zweifelen. Desweideren wirken verschidden Personnagen a Gruppen komplett aus dem Kontext gerappt. Wann de Samson alt nach als Opdragskläpper a -killer ‘realistesch’ erschéngt, sou froën ech mech, op där schwaarz Goth-Sekten mat Fraen, di 12 Pistoulekughelen an de Kapp brauchen, bis se endlech doud ëmfaalen, hei an der Géigend solle gin. Ech verstin, datt dat just e Film ass, mee an den USA fonktionéiert sou eppes vläit. Et hätt een vläit net sollte versichen, eng Kopie vu séngen Lieblingsfilmer ze maachen, mee eppes Neies draus kënnen ze maachen.

Vun der Dréihtechnik hir, wor de Film an der Reih. Fir Nuëtsszenen bräicht een ower eng besser Kamera; dat wat ee gewise kruut, hätt bal kinnten mam Handy gedréint sin. A firwat wor d’Format op 4:3 héich gezun, wann an 16:9 d’Proportiounen besser gestëmmt hätten? Vläit wor dat awer och just op der DVD sou. Am grousse Ganzen kann een awer gespaant sin, wat weideres aus där Filmschmiede kënnt.

Leave a Reply