28 years later
Ech wollt eigentlech lo en interessanten oder witzegen Bäidrag iwwert den 12. Oktober 1979 schreiwen, mee ech konnt näischt wirklech Sënnvolles iwwert deen Dag um Internet fannen. Et wor anscheinend e ganz normalen, sténklangweilegen Dag, wi déi firdrun an déi duerno. Näischt Aussergewéinleches ass geschidd, dat sollt an d’Weltgeschicht agoen. Ech kruut gesot, et wir e waarmen Oktober gewiescht an deen Dag war och e Freideg, sou wi dest Joer et de Fall ass. Sou ännert sëch eben näischt an trotzdem villes.
October 12th, 2007 at 23:06
Den Thorbjörn Fälldin huet deen Dag seng zweet Amtszäit als Premierminister vu Schweden ugetratt an d’Land duerch déi schlemmste Rezessioun zanter den 1930er bruecht. :)
October 12th, 2007 at 23:08
Bravo Toopjang, äh… Thorbjörn! ;)
October 13th, 2007 at 1:38
thorbjörn ass de stammnumm vun thorben.
thor ass de gott, björn bedeit grousse bier.