wga strike
Monday, November 19th, 2007Zu Hollywood (eigentlech di ganz USA) streiken zënter Ufank November d’Filmauteuren. Eng ganz Reih vun Serien a Filmer wärten duerfir e puer Méint Retard kréien oder ganz ofgesaat gin. Et wonnert mëch, datt een an Europa net vill doriwwer héiert oder liëst. Mee an den USA geet et bal genau sou, wéll d’Norichtenagenturen natierlech och deenen groussen Studioen gehéiren, wéngst deenen gestreikt gëtt. Hei ass e klénge Video vun der WGA (Writer’s Guild of America), deen am Stil vun der “The Daily Show with Jon Stewart” erklärt, em wat et eigentlech geet. D’Daily Show ass am Moment och ofgesaat, wéngst dem Streik. De Video gouf vun den Auteuren vun der Daily Show erstallt.
Interessant sin och nach foljhend Blogen, déi iwwert de Streik berichten. Di meescht sin di perséinlech Blogen vun Auteuren sélwer a weisen ganz ënnerscheedlech Vuen:
Deadline Hollywood
Ken Levine (M*A*S*H, Cheers, Frasier)
Jane Espenson (Buffy the Vampire Slayer, Battlestar Galactica)
