map the music
En Artikel op BoingBoing huet mech op d’Säit vun Gracenote bruecht, eng Datebank, di vu villen Mediaplayeren benotzt gëtt (eng fräi Alternativ ass freedb.org). Do kann een sëch op enger Kaart fir all Land d’Top10 vun de Sichen uweise loossen. Anscheinend sin am Moment di meescht CDen zu Lëtzebuerg vu Queen, AC/DC, The Beatles, Pink Floyd, Red Hot Chili Peppers, James Blunt, Katie Melua, Robbie Williams an dem Mika. Di eenzeg Konstant, di ech awer bal bei wirklech all Land konnt fannen, sin d’Beatles. D’Klassiker stierwen eben ni aus.
November 4th, 2007 at 0:04
Blunt, Williams, Mika… Boah. Do muss een sech jo schummen Lëtzebuerger ze sinn. :)
November 4th, 2007 at 0:05
Ma déi Donnéeën änneren awer séier, d’Plazen 6 bis 10 sinn elo schonn erëm anerer.
November 4th, 2007 at 4:42
Hm, di meescht vun haut lauschteren sws “Alternativ” Musik, wei Red Hot Chili Peppers, Nirvana an sou. Voll alternativ -.-
July 26th, 2008 at 22:05
activ pro proactiv activ therapy pro
January 8th, 2009 at 22:13
in lax hertz car rental hertz lax at car rental