wga strike
Zu Hollywood (eigentlech di ganz USA) streiken zënter Ufank November d’Filmauteuren. Eng ganz Reih vun Serien a Filmer wärten duerfir e puer Méint Retard kréien oder ganz ofgesaat gin. Et wonnert mëch, datt een an Europa net vill doriwwer héiert oder liëst. Mee an den USA geet et bal genau sou, wéll d’Norichtenagenturen natierlech och deenen groussen Studioen gehéiren, wéngst deenen gestreikt gëtt. Hei ass e klénge Video vun der WGA (Writer’s Guild of America), deen am Stil vun der “The Daily Show with Jon Stewart” erklärt, em wat et eigentlech geet. D’Daily Show ass am Moment och ofgesaat, wéngst dem Streik. De Video gouf vun den Auteuren vun der Daily Show erstallt.
Interessant sin och nach foljhend Blogen, déi iwwert de Streik berichten. Di meescht sin di perséinlech Blogen vun Auteuren sélwer a weisen ganz ënnerscheedlech Vuen:
Deadline Hollywood
Ken Levine (M*A*S*H, Cheers, Frasier)
Jane Espenson (Buffy the Vampire Slayer, Battlestar Galactica)
November 19th, 2007 at 22:47
Ech enerstetzen de Streik. Et ass nemmen richteg, dass d’Auteuren méi Geld kréien (an si verlangen jo mol net souvill!), emmerhin sinn si déi, déi di meeschten Arbescht a Verantwortung hunn. Mat hinnen steet a fällt déi Industrie, an déi Industrie behandelt se wéi Dreck.
Dass een an Europa net vill dovunner héiert, stemmt net. Hei a Groussbritannien héiers de relativ vill dovunner. Firwat et de Recht vun Europa net sou intresséiert (woubäi ech wees, dass zumindest an Däitschland och driwwer bericht gett -> sfradio.net), läit ganz einfach dorunner, dass et se guer net betrefft. Amerikanesch Serien brauchen esou laang, bis se duerch d’Synchronisatioun sinn, an bei praktesch alle Serien ass Europa souwisou Joëren hannendranner, dass dat ni wierklech wert opfalen. Dass et hei a Groussbritannien fir e bessen méi Onrou suergt, huet dee ganz einfache Grond, dass hei Serien an der Regel e puer Wochen no Amerika lafen. Am Fall vun Stargate souguer ab Mëtt der Staffel emmer virun den USA.
November 20th, 2007 at 19:26
Doriwwer wollt ech och lo nach di ganzen Zäit eng Kéier schreiwen, mee sinn net dozou komm. D’Daily Show ass jo am Fong nach en interessant Beispill, well den Jon Stewart séng Schreiwer zwou Woche laang aus sénger eegener Täsch zu hieren Tariffer bezuelt huet.
An ech denken, dass jiddereen, deen net Produzent ass d’WGA ënnerstëtzt. Well se hu jo Recht, d’Firmen verdénge Millioune mat DVD-Verkeef (z.B.) an d’Auteuren gesinn net mol e winzege Brochdeel dovunner. Dobäi ass et jo awer zu engem groussen Deel hiere Produit.
January 15th, 2008 at 18:20
am prinzip sin ech mam streik d’accord.
mee an der realiteiet ass et och een “power trip” vun den unionen.
wann ganz post-production och unionized waer an dei selwecht unfuerderungen maachen ging, dann ging keen film mei zu hollywood produceirt gin.
zg: een unionized truckdriver zu hollywood verdengt 3 bis 4 mol mei wei en assistant editor.
der film production misst daat selwecht gescheien wei waat elo mat der musik industry lass ass; eng kleng revolution!