BTVS: to be continued…
Monday, December 31st, 2007Fir mol rem e bessen méi Aktivitéit an dese Blog eran ze bréngen, wärt ech lo geschwënn eng nei Serie vun Artikelen ufänken. Inspiréire gelooss hun ech mech vun verschidden aanere Blogen, wou Leit hir Lieblings-filmer oder -musekstécker fir stellen. Ech wärt iwwert Televisiounsserien schreiwen, di mech entweder beandrockt oder einfach gefall hun. Réng subjektiv Kritiken wärt ech mat e puer objektiven Fakten mëschen a mol kucken wat doraus gëtt. Dat Ganzt kënnt a kénger bestëmmtener Reihefolleg, mee einfach sou, wi et mer grad afällt. Ech nennen des Serie mol BTVS (Bescht TV-Serien). Bis dann!
