gesiichtsbuch
Saturday, January 5th, 2008Gëschter Owend hun ech mech mol op facebook.com registréiert. Ech wor nawell erstaunt ze gesin, wéivill Leit ech do scho kennen. Normalerweis sin ech bei all “the next big thing” vun Ufank un dobäi, mee bei facebook.com hat ech mech bis elo geweigert, wéll ech duëcht, datt dat och rem iergendwann eriwwer wir an d’Leit rem gingen op di nächst “Social Network”-Säit migréiren. Anscheinend hat ech mech getäuscht. Ech hat dat Ganzt wuel zevill mat Myspace verglach, dat a méngen Aan zimlech onbenotzbar ass. Do gin et jo just komplett mat Videoen a Musek iwwerlueden Teenie-säiten vun Metzlerkanner (Emo-Kids) an dat alles op party.lu-Niveau. Facebook dogéint kënnt mer zimlech elegant fir a wirkt och e besse mi sériö. Nujee, besser ze spéit wi ni. Ech froe mech just rem, ob ech di nächste Kéier d’Zeechen vun der Zäit mol rem eng Kéier richteg erkennen. Bei Second Life wor mer dat gelongen; ech mengen, ech war do den éischte Lëtzebuerger, deen sëch am Juni 2006 registréiert hat an do gouf et dunn jo en zimlech groussen Hype an de Medien. Mëttlerweil hun ech mech do zwar zënter Méint net mi blécke gelooss. Mee ech bleiwen trotzdem ëmmer op der Sich nom “next big thing”!
Wien méngt ze wëssen, wat 2008 grouss wärt eraus kommen?
Update: Ech hun lo och mol e Grupp fir d’Blogbuerg erstallt. Wien wëll, kann sëch do fräi umellen.
