gesiichtsbuch
Gëschter Owend hun ech mech mol op facebook.com registréiert. Ech wor nawell erstaunt ze gesin, wéivill Leit ech do scho kennen. Normalerweis sin ech bei all “the next big thing” vun Ufank un dobäi, mee bei facebook.com hat ech mech bis elo geweigert, wéll ech duëcht, datt dat och rem iergendwann eriwwer wir an d’Leit rem gingen op di nächst “Social Network”-Säit migréiren. Anscheinend hat ech mech getäuscht. Ech hat dat Ganzt wuel zevill mat Myspace verglach, dat a méngen Aan zimlech onbenotzbar ass. Do gin et jo just komplett mat Videoen a Musek iwwerlueden Teenie-säiten vun Metzlerkanner (Emo-Kids) an dat alles op party.lu-Niveau. Facebook dogéint kënnt mer zimlech elegant fir a wirkt och e besse mi sériö. Nujee, besser ze spéit wi ni. Ech froe mech just rem, ob ech di nächste Kéier d’Zeechen vun der Zäit mol rem eng Kéier richteg erkennen. Bei Second Life wor mer dat gelongen; ech mengen, ech war do den éischte Lëtzebuerger, deen sëch am Juni 2006 registréiert hat an do gouf et dunn jo en zimlech groussen Hype an de Medien. Mëttlerweil hun ech mech do zwar zënter Méint net mi blécke gelooss. Mee ech bleiwen trotzdem ëmmer op der Sich nom “next big thing”!
Wien méngt ze wëssen, wat 2008 grouss wärt eraus kommen?
Update: Ech hun lo och mol e Grupp fir d’Blogbuerg erstallt. Wien wëll, kann sëch do fräi umellen.
January 5th, 2008 at 16:32
Ech hat mer dech ganz anescht firgestallt. :) Wat mech bei Facebook wierklech nervt sinn all déi blöd “Applications”. Mee soss ass et effektiv cool. :)
January 5th, 2008 at 16:37
thierry:
Jo, die Applications nerven onmosseg. Mee zumools d’Fraläit schëngen op déi voll ze flippen an schécken dann Tonnen där Requests weider …
January 5th, 2008 at 16:40
An wat zumools absoluten SCHAISS ass an wat ech aus Prinzip refuséieren, sinn Applikatiounen déi eppes wéi dat hei fuederen: “Invite 15 more friends to unlock Application XYZ”.
Zwar net.
January 5th, 2008 at 16:56
Ech schécken sou eppes net weider. Wann een eng Application benotzt, ass dat jo perséinlech gemengt an ech drängen dat dann net aaneren op.
An Thierry, wéi has de der mech dann firgestallt? ;)
January 5th, 2008 at 18:00
Dofir blocken ech d’Applications emmer direkt wann ech gesinn dass een aneren eng geaddt huet. Vu dass et sech emmer em déi puer selwecht handelt helleft dat relativ gudd. Just d’Säiten vun Kolleegen sinn dann emmer iwwerlueden… An dat ass nach méi schiel wéi all déi Requests.
Ouni Brëll / Dräidagsbart, besse mi kuerz Hoër a kee Scheed, bësse méi breed Gesicht… Woubäi schwarz Hoër louch ech komescherweis richteg. :)
January 5th, 2008 at 21:39
Ech gin bei dem letz. Blogklumpen emmer dovunner aus, daat en “an mengem Alter” ass, mee bon, do gin ech wahrscheinlech einfach vun falschen Tatsachen aus. Punkto Applications gin et der eng Reih interessanter, mee déi meescht sin absoluten Bullshit an durch “invite 20 friends to unlock” och (fir mech) net ze benotzen. Baal alles wou ech onverlaangt Inviatiounen kreien blockéiren ech. Soss ass Facebook den idealen Tool fir all Stalker.
January 6th, 2008 at 0:55
Do sinn ech awer lo iwwerrascht, dass ech nach virun engem “alen” Hues aus der Blogbuerg de Wee bei Facebook fonnt hunn. Bis elo fänken ech awer nach net vill domat un. Déi topeg Invite-Apps kënne mech klibberen a fir de Rescht muss ech mol kucken wat dat Ganzt mer méi bréngt wéi just Zäit mat Spillereien ze verplemperen. Cool ass awer dat mat den Notifications. Iergendwéi erënnert dat mech un eng interaktiv Mailinglist wat dann bis elo och den Haaptgrond ass firwat ech Facebook weiderhin notze wëll. An elo maachen ech e weidere Friend-request. ;)
January 6th, 2008 at 2:29
Sinn der Grupp och mol beigetrueden an hun dech als Friend geadd. :)
Op jidden Fall ass Facebook cool, alleng schon fier aal Bekannter remzefannen. Et mecht richteg Spaass oowes ze surfen an Leit remzefannen, matt deenen een virun Eiwegkeeten mol zesummen an der Schoul war.