lokalpress = egalpress?

Deen Armut vun den RTL-Noriichten kann ee jo bal net méi nokucken:

US-Virwalen: Et huet annerhallef Woch gedauert bis lo sécher feststeet ween d’Virwalen bei den Demokraten a Mexiko gewonnen huet. Et ass d’Hillary Clinton…

Asou? D’USA hun lo Mexiko annektéiert? Wéi soss konnt d’Hillary Clinton lo do gewannen? Wann ech ging sou Pressenoriichten schreiwen, hätt ech mol recherchéiert, datt de Bundesstaat New Mexico heescht.

10 Responses to “lokalpress = egalpress?”

  1. Georges Says:

    Ëmmerhi stëmmt d’Orthographie. Dat ass beim RTL jo och schonn eng Leeschtung. ;)

  2. pa Says:

    Dat huet mech och zimlech gewonnert. D’Websäiten wärten en agebauten Spellchecker hun. Um RTL-Text op der Telé, kann een dogéint heiansdo nach Aankriibs kréien, wann een di grujheleg Schreifweise gesäit.

  3. Thierry Says:

    Wat ech beim RTL méi irritéiert, ass dass d’Mariääättt Zännaß dem Obama säi Virnumm wéi “Bääärrääääkkk” ausschwätzt (richteg ass natirlech “Bëraak”). Dat fannen ech vill méi “grujeleg” – ouni “h”. ;)

  4. Grommel Says:

    Huet RTL endlëch de Spellchecker entdeckt??? D’ass jo net ze gleewen.

    Muss ech den Owend mol direkt um RTL Videotext kontrolléieren, hehe.

  5. Max Says:

    Ech hoffen jo mol dass dat doten en komplett zoufällegen Feeler war/ass. Huet da keen Loscht en Watchblog ze bedreiwen? Wann ech do un dat ganzt (Feeler-) Material denken…

  6. Thierry Says:

    E Watchblog fir den RTL. Do wier d’Bildblog jo näischt dogéint. :D

  7. Max Says:

    Mer missten en wahrscheinlech opsplitten, wéinst der eeenormer Mass un Posts. Vergiess net de Watchblog fir den Essentiel, den point24, d’Radio’en an all déi aaner Monumenter (!) an der Medienlandschaft.

  8. Tom Says:

    Also mir faalen e puer Saachen heizou an:
    1. Et ass em den Bundesstaat New Mexiko gaangen, do hudd der Recht, mee
    2. et wäer och méiglech gewiercht, dass d’Hillary zu Mexiko gewonnen hätt! Et ginn schliesslech elo déi sougenannten “Democrats Abroad”. Den Obama huet bspw. an Indonesien mat 75% op 25% gewonnen. An hei am Land haat hien d’Nuess wahrscheinlech och fir. “Democrats Abroad” schecken 22 Delegéirter op Denver (ewou den Parteidaag vun den Demokraten ass).

    3. Wann der wellt Noorichten iwwert déi amerikanesch Virwaalen matkréien, benotzt w.e.g. keng national - an ech soen esouguer europäesch- Medien! Hei am Land ass eng “grouss” Zeitung scho foll mat Feeler op der éischter Säit an op eisem nationalen Téléssender ginn jo och vill falsch Saache gemellt. Mee och op europäscher Bühne ass et net besser. En groussen staatlechen däitsche Fernsehsender haat e Méinden op sengem Teletext stoen, déi nächst Virwaalen wäeren deen Daag drop zu Virginia, Maryland an Washington. Washington waar awer schons Samsdes um Tour an et waar den District of Columbia deen d’Virwaal ofgehaalen huet.

    4. Ech giff ierch dann an deem Kontext zum Beispill politico.com firschloen! ;)

  9. pa Says:

    Ech hun di dote Meldung och just gesin, wéll se an der Blogbuerg stoung ;)

  10. Fireball Says:

    pa: Haat daat och an der blogbuerg gesin an hun missen schmunzeln.
    Max: Ech haat och schon iwert den Watchblog nogeduercht. Wier effektiv vlaischt keng schlecht Idee. Ech denken, et geif eisen Medien gudd doen, wann een hinnen heinsdo op d’Fanger geif klappen.

Leave a Reply