Archive for April, 2008

spam, made in luxembourg

Wednesday, April 23rd, 2008

En Artikel iwwert lëtzebuergesche Spam huet méch drun erënnert, datt ech dees d’läscht Woch och kruut. Eng Firma aus der Staater Emgéigend (e Numm nennen ech net, fir keng Reklamm ze maachen) huet mer eng Email geschéckt, datt si gingen Busser a Camionnetten fir Reesen a Schoulausflich verléinen. Ech hu keng Ahnung, wéi se do grad u méch komm sin. Dat hun ech dunn och mol nogefroot an du kréien ech eng Äntwert a gebrachenem Franséich (sou huet séch den Text mol ugeliës), datt hien eng CD vu séngem Chef kruut mat Adressen, di gäre gingen Reklamme kréien. Ech hat dunn keng Loscht méi z’äntweren, mee ech froe méch, op et wirklech sou naïv Leit ka gin? Goufen déi da sélwer scho mol gefroot oder kennen së een, deen op sou eng Lëscht wëll? Just wéll eng Emailsadress iergendwou steet, heescht dat net, datt een all Blödsinn kann dohin schécken. Des weideren froen ech méch och, wéi eng Adress vu mir konnt niëwent der vum Wort, RTL, Tageblatt, Journal, Paperjam, etc… an de Presseverdeeler vun Editus geroden. Ech kréien duerfir lo alt ëmmer hir neisten Pressematdeelungen, resp. deen een Dag kënnt eng Meldung, datt se gingen lo och Loftphotoen am Online-Telefonsbuch ubidden an den nächsten Dag kënnt aus technesche Grënn scho rem de Réckzéier.