spam, made in luxembourg

En Artikel iwwert lëtzebuergesche Spam huet méch drun erënnert, datt ech dees d’läscht Woch och kruut. Eng Firma aus der Staater Emgéigend (e Numm nennen ech net, fir keng Reklamm ze maachen) huet mer eng Email geschéckt, datt si gingen Busser a Camionnetten fir Reesen a Schoulausflich verléinen. Ech hu keng Ahnung, wéi se do grad u méch komm sin. Dat hun ech dunn och mol nogefroot an du kréien ech eng Äntwert a gebrachenem Franséich (sou huet séch den Text mol ugeliës), datt hien eng CD vu séngem Chef kruut mat Adressen, di gäre gingen Reklamme kréien. Ech hat dunn keng Loscht méi z’äntweren, mee ech froe méch, op et wirklech sou naïv Leit ka gin? Goufen déi da sélwer scho mol gefroot oder kennen së een, deen op sou eng Lëscht wëll? Just wéll eng Emailsadress iergendwou steet, heescht dat net, datt een all Blödsinn kann dohin schécken. Des weideren froen ech méch och, wéi eng Adress vu mir konnt niëwent der vum Wort, RTL, Tageblatt, Journal, Paperjam, etc… an de Presseverdeeler vun Editus geroden. Ech kréien duerfir lo alt ëmmer hir neisten Pressematdeelungen, resp. deen een Dag kënnt eng Meldung, datt se gingen lo och Loftphotoen am Online-Telefonsbuch ubidden an den nächsten Dag kënnt aus technesche Grënn scho rem de Réckzéier.

One Response to “spam, made in luxembourg”

  1. federico Says:

    Also mir geet dat awer geeeeehierlos op de Su, dat lo och all Dëlpes hei am Land mengt domat ufänken ze mussen! An ech schwetzen mol nët nëmmen vun e-Mails, mais och deenen sougenannten “Social Networking” Säiten wéi Facebook oder StudiVZ gëtt dat net sou enk geholl mat de Reklammen.
    Ech hun där Persoun déi mir d’Spams gescheckt huet no der éischter Mail jo klip a kloer däitlech gema, dat ech dat nët dulden an Reklammen nët erwënscht sinn. An da kënnt eng hallef Woch drop eng topeg Kettemail. Wann ech vierdrun bal um Punkt war ze soen “loos et gudd sinn”, sou war dat doten jo awer a mengen Aen däermoossen eng Frechheet, dat en sëch awer ka sëcher sinn dass ech do um Ball bleiwen.

    Fier dass kee mech falsch versteet: ech wëll heirauser sëcher keng Staatsaffaire maachen, an et ass lo nët wéi wann et eng Prioritéit a mengem Liewe wier. Mais mir ass am Internet och nët alles schäissegal … ! An soulaang wéi een dem Spammer eng eendeiteg Quell / Identitéit / Account zouuerdnen kann, da soll een dat och notzen.

Leave a Reply