Archive for the ‘Alldag’ Category

hip teens don’t wear blue jeans

Thursday, March 2nd, 2006

Bei der No0ddel hun ech grad eppes iwwert ën Abenteuer am Late-Night-Bus geliës. Ët ass mer perséinlech och schon opgefall, datt ëmmer méi sou Leit mam Bus fuëren an natierlech setzen së sëch ëmmer just hannert mech!

Ë kollektivt Stöhnen erklengt, wann sou een era kënnt, Typ “Gangxta-rappa”, den MP3-Handy bis hannenhin mat iergendengem Rap-HipHop-Watnach (ouni Kopfhöhrer natierlech!) opgedréint, fir datt och de ganzen Bus ët matkritt. An da klamme séng “Brotheren” eran, brëlle vu wäitem “Yoah hey!”, haale Fangeren wi mat Arthritis no fir gestréckt, bleiwe kuërz mat de wäissen, vill zë breeden Pyjamasboxen un engem Stull hänken a schleefen sëch mat hirer op d’Säit gedréinten Baseballkaap bis op eng eidel Plaaz, wou së sëch dann breedbeeneg nidderloossen.

Kanner, sidd dir da mëll an der Bir? Kënnt dat dovun, wann een de ganze léiwen Dag näischt aaneschters wi MTV a Viva kuckt an all Blödsinn gleewt, deen do engem an den 0815-Clipen gewise gett? Wat sidd der awer och sou rebellesch, wann der iech alleguër dat nämlecht a genau sou behuëlt, wi d’Medien dat verlaangen!

Lo wéini wor awer ë kollektiven Hurra duërch de Bus gaangen, wi, nodeems sou ë Grupp sëch hannen am Bus nawell relativ haart “ënnerhaal” huët (së hu normal mateneen geschwaat, leider mat 90 Dezibel), de Bus-chauffeur bei enger Haltestell no hanne koum, den Éischtbechten mam Coli gepaakt an zur Dir eraus geworf huët. Di aaner ware sou paff, datt së sëch fir de Rescht vun der Fahrt nemmi gemuckst hun. Bravo!

generation y

Thursday, January 19th, 2006

krëschtstress

Friday, December 23rd, 2005

going south

Sunday, October 16th, 2005

pranger

Tuesday, August 16th, 2005

méi Moschter

Thursday, August 11th, 2005

ën deet mer lo nach leed

Monday, June 20th, 2005

fléi, déierchen, fléi

Wednesday, April 6th, 2005

…a muër di ganz Welt!

Tuesday, March 22nd, 2005

sëch d’klénsch an d’hand drécken

Monday, March 21st, 2005