BTVS: Doctor Who
Wednesday, January 2nd, 2008Numm: Doctor Who
Land: Groussbritannien
Datum: 2005 - leeft nach
Genre: Science-Fiction
An England gehéiert des Serie zur Allgemengkultur, am Ausland ass se ower éischter onbekannt. Am Guiness-Buch steet se als déi Science-Fiction-Serie, di schon am längste leeft. Rieds ass vun “Doctor Who“. D’Serie sélwer gëtt et schons, mat kléngen Ënnerbriechungen, zënter 1963. An den 90er Joren wor et dunn éischter roueg fir di vun der BBC produzéiert Serie, mee 2005 gouf dunn e frësche Start gewoot, deen och zimlech gelonge wor. Ech schwätzen lo just vun der neier Serie, vun där et mëttlerweil 3 Staffele gin, di et höchstwahrscheinlech vun desem Joer un op Pro7 ze bewonnere wärte gin.
Së handelt vun enger Persoun, di sëch sélwer just “The Doctor” nennt an där hire Numm ee ni gewuer gëtt. Den Doctor reest mat séngem Raumschëff, der TARDIS, di ausgesäit wi eng blo Noutrufftelefonszell duerch Raum an Zäit an erliëwt mat séngem “Companion”, meeschtens enger Fra, di en iergendwou zoufälleg begéint huet, allméiglech Aventuren.
Dat Ganzt héiert sëch e besse banal un, mee ass awer duerchaus interessant opgebaut. Di fréier Episoden firum 2005er Relaunch haaten anscheinend e gewëssen Amateurcharme, bedéngt duerch dee gerénge Budget. Dovun hun ech just e puer Ausschnëtter gesin, a muss soen, datt et no heitegem Standard schon e bessen lächerlech wirkt, wann d’Leit firun fladderegen Gummimonster fort laafen. Bei der neier Editioun ass dovun keng Spuer mi ze gesin. D’BBC huet “Doctor Who” zu hirem Flaggschëff erhuewen an de Budget kann sëch duerchaus un amerikaneschen TV-Produktiounen moossen. Och wann Geld nët ëmmer Qualitéit vesprëcht, kann ee soen, datt dat hei net stëmmt. Grouss Dekoren a zäitgeméiss Spezialeffekter ronnen all Episod of. Wat ower méi wichteg ass sin d’Geschichten. Mat engem gewëssen Lokalkolorit versin (et ass jo awer nach ëmmer eng englesch Serie an et wëll een sëch vum grousse Brudder USA (op deen heiansdo och mol e kléngen Säitenhiww kënnt) emanzipéiren), ass d’Serie de Beweis datt een och nach no Jorzéngten interessant Iddien kann an d’Science-Fiction bréngen.
E klénge Mangel ass vläit, datt eng Rei vun Folgen oft no deem Schema oflafen, datt den Dokter iergendwou iergendwann entzwousch hireest an dann do zoufälleg eng Bedrohung duerch Ausserierdescher bewältegt. Mee trotzdem bleiwt och des Struktur oft vun Stereotypen fern a bréngt nei Elementer an d’Spill. De gréissten Deel vun der Serie besteed awer aus enger Reih vun Fortsetzungsepisoden, die während 2-6 Episoden eng zesummenhängend Geschicht (Arc) bilden. Duerfir ass et schon vun Virdeel, wann een sëch d’Episoden der Reih no ukuckt.
Fir Leit, di nei an de Phänomen “Doctor Who” eraklammen (sou wi ech et wor), kann ech just empfehlen di nei Serie (vun 2005 un) ze kucken. Et brauch een do iwwerhaapt keng Virkenntnisser, do gëtt vun firun ugefaangen. Di éischt (nei) Staffel wirkt, a méngen Aan, am Ufank nach e bessen onräif. Di nei Equipe vun Auteuren a Setcrew huet sëch wahrscheinlech nach e bessen missten dru gewinnen. Mee duerno geet et richteg lass an d’Staffelfinale hat mech positiv iwwerrascht. Mat 13 Episoden pro Staffel, dauert et och net ze laang bis een do ukënnt.
Ech muss soen, datt ech e Fan vun Serien sin, di net nëmmen aus “Standalone”-Episoden bestinn. Ech hu gär e Staffelarc oder souguer e Serien-Arc, also eng Geschicht, di eng ganz Staffel oder Serie iwwerspaant. An “Doctor Who” ass vun där Zort, huet een Thema pro Staffel an e puer Referenzen op di Staffele firdrun, vläit souguer op déi duerno. Wie weess. Den Arc ass nämlech sou geschéckt konstruéiert, datt een Elementer dovun mol guer net erkennt an een sëch als normale Plot vun der jeweileger Episod unhëllt. Éischt mi spéit an der Staffel mierkt een dann, wéi sëch alles lues zesumme fügt. Aktuell hun ech lo di 3. Staffel färdeg gekuckt a ka behaapten, datt di 3 läscht Episoden dovun eent vun de beschten Staffelfinaler sin, di ech je gesin hun. Et haat eppes vun enger eepescher Bandbreet a wor technesch perfekt inszenéiert. Randnotiz: et gouf ë geniale Soundtrack dobäi.
Méng Bewärtung:
Geschichten: 4/5
Ënnerhalung: 5/5
Arc: 5/5
Sprëcht un: eppes fir d’ganz Famill (vläit net grad di Kléng)
