9/11
Monday, September 11th, 2006Haut firun 5 Joër woren d’Attentater op den World Trade Center zu New York an de Pentagon zu Washington, D.C. Wi dat jo oft bei historeschen Événementer ass (Tchernobyl, Challenger…) geeschteren oft di Froën ronderem, wat een deen Dag oder dee Moment grad gemaacht huët. Dat wëll ech dann heimat och maachen. Ët wor näischt groussarteges, einfach nëmmen eng perséinlech Geschicht.
Dënschdegs, den 11. September 2001 stoung ech vun 14:00 Auer bis 19:45 Auer op enger Tankstell zu Sandweiler mer d’Been an de Bauch. Ech hat dat Joër ë Vakanzenjob bei der ILReS iwwerholl, ech sollt Ëmfroën fir eng Étude vun der Uëleggesellschaft mat der Muschel am Logo op eben genau där Tankstell maachen. Di Woch firdrun hat ech dat scho gemaat oder besser gesoot, opmannst probéiert, wéll wiën huët scho Loscht, wann ë kuërz tanke geet, ën 10-säitege Questionnaire iwwert sëch ergoën ze loossen? Ech wor Mëttwochs firdrun vun enger Rees op Madeira zréck komm; meng Elteren, mat deenen ech do war, sollten eng Woch mi spéit, den 12. September, zréck kommen. Hir Fluch huët dunn zwar statt fond, mä mat enger Verspéidung vun 3 Stonnen. Dat sollt ech den Dag firdrun mer awer nach kinne virstellen.
Um 14:46 Auer Lokalzäit (8:46 Auer zu New York) ass den éischte Flijher an den Nordturm geflunn. Vague Informatiounen dodriwwer gouf ech éischt zwou Stonne mi spéit géint 16:50 Auer gewuër. Am Verkaafsraum, wou ech mech op strategesch-taktesch Plaazen positionéiert haat, ass di ganzen Zäit den däitschen RTL, domols nach den Oldie-Sender genannt, gelaaf. Géint zéng fir fënnef koum dunn d’Meldung, datt den aktuelle Programm ging ënnerbrach gin, wéll anscheinend ë Flijher an ën Tuërm vum World Trade Center gefun wir. De Programm goung dun ower rem genau sou weider wi fridrun, nämlech mat Musek. Wat wëll een och soss aaneschteres bréngen? Dat ganzt huët awer sou komesch geklong a koum sou riwwer, datt ech als éischt un ë Witz geduëcht hun. Ën zimlech schlechte Witz, wéngst deem, hun ech gehofft, ginge Käpp an der Redaktioun rullen. An de Noriichten um fënnef gouf dat Ganzt awer dun bestätegt. Am Ufank wor nach als éischt vun engem Sportsflijher riëds (dat haten së sëch wuël an der Hetz einfach ausgeduëcht, wéll ët am wahrscheinlechste war), spéider huët dunn d’Attack op den 2. Tuërm keen Zweifel méi gelooss, datt ët keen Zoufall war.
Fir mech wor dun den Dag eigentlech schons gelaaf; Loscht bei menger Ëmfro mat ze maachen haat verständlecherweis kee méi. Ee Fransous huët mech souguër vernannt, ob ech dann net wéisst, wat an der Welt ging virun sëch goën, datt ech hien dach net a sou engem Moment kinnt mat enger banaler Ëmfro belästegen. Tjo, och wann ët batter kléngt, mä fir aanerer huët sëch d’Welt eben weider gedréint an ech stoung nach weider dräi Stonnen do, ouni richteg eppes gewuër ze gin. Härno sin ech och nach net direkt heem, mä nach an eng Museksprouf gefuër, wou ech dunn éischt gewuër gouf, datt di zwee Tierm zesumme gefall woren an och nach ë Flijher op de Pentagon gefall wir. Éischt um zéng Auer sin ech heem komm, wou ech direkt mol CNN ugemaat hun. U sëch wor de Kanal egal, iwwerall sin ëmmer nëmmen di nämlecht Biller gelaaf. Amateursopnahmen di den 2. Flijher weisen, wéi ën an den Tuërm flitt. Éischt an den Deeg duerno sin nach weider Opnahmen opgedaucht, wat och d’Aktualitéit fir iwwert eng Woch sollt dominéiren.
Ëlo, fënnef Joër mi spéit, fannen ech ët traureg, datt nach ëmmer net opgeklärt ass, wien da lo schlussendlech duerfir responsabel war. Ët existéiren nach ëmmer keng Beweiser, datt de Bin Laden an Al Qaida ët duërch gefouert hun; eng ordentlech Opklärung gouf vun der US-Regierung net duërch gefouert. Hir “9/11-Commission” kruut am Ufank grad mol 3 Milliounen Dollar zur Verfügung gestallt. Fir dem Clinton séng Affaire mat enger Praktikantin zë ënnersichen, goufen bal 100 Milliounen Dollar agesaat! Eng interessant Reportage iwwert di Versich eraus ze fannen, wat da lo dohannert gestach huët, fënnt een ënnert dëser Adress als Google Video: “9/11: Press for Truth”. Eng Serie vun iwwert 50 Artikelen zu a ronderem Tatsachen a Verschwörungstheorien zum WTC-Attentat fënnt een bei Telepolis: The WTC-Conspiracy. Verschidden Thesen sin vläit liicht mat den Hoër erbäi gerappt, aaner Tatsachen sin awer net zë widderléen a schockéiren einfach nëmmen, wéi d’Bush-Administratioun d’ganz Welt an hir eegent Vollek fir domm hällt.
