map the music
November 3rd, 2007En Artikel op BoingBoing huet mech op d’Säit vun Gracenote bruecht, eng Datebank, di vu villen Mediaplayeren benotzt gëtt (eng fräi Alternativ ass freedb.org). Do kann een sëch op enger Kaart fir all Land d’Top10 vun de Sichen uweise loossen. Anscheinend sin am Moment di meescht CDen zu Lëtzebuerg vu Queen, AC/DC, The Beatles, Pink Floyd, Red Hot Chili Peppers, James Blunt, Katie Melua, Robbie Williams an dem Mika. Di eenzeg Konstant, di ech awer bal bei wirklech all Land konnt fannen, sin d’Beatles. D’Klassiker stierwen eben ni aus.
